Provënz Frisland
Autoren der Wikimedia-Projekte
Article ImagesDëse Geographiesartikel iwwer Holland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Provënz Frisland (Westfrisesch: Fryslân) ass eng vun den zwielef hollännesche Provënzen. Se läit am Norde vum Land. Déi offiziell Sprooche sinn Hollännesch a Frisesch.
Provënz Frisland | |
---|---|
Basisdaten | |
Land | Holland |
Haaptstad | Leeuwarden |
Flaach |
|
Awunner | 660.000 (2023) |
Bevëlkerungsdicht | 197/km² Land |
Reliounen | Protestantesch: 35 % Kathoulesch: 7 % Islamesch: 1 % |
ISO 3166-2 | NL - FR |
Websäit | Provënz Frisland |
Lag | |
D'Haaptstad ass Leeuwarden (Frisesch: Ljouwert).
D'Provënz Frisland grenzt am Osten un d'Provënze Groningen an Drenthe, am Süden un d'Provënzen Overijssell a Flevoland, am Südwesten un d'IJsselmeer, am Westen an am Norden un d'Watteséi.
Durch den Ofschlossdäich ass se mat Nordholland verbonnen.
Geschicht
Frisland war ee franséischt Departement vun 1811 bis 1814.
Landschaft
Frisland gëtt a 6 verschidde Landschaften ënnerdeelt
- d'Westfrisesch Inselen och Watteninselen genannt mat:
- Ameland (It Amelân)
- Schiermonnikoog (Skiermûntseach)
- Terschelling (Skylge)
- Vlieland (Flylân)
- d'Watteküst
- d'IJsselmierküst
- Südwestfrisland
- d'Déifland an der Mëtt
- d'Bëscher am Südosten
Landwirtschaft
Véizuucht a Mëllechsbetriber si fir Frisland e wichtege Wirtschaftsfakteur.
Frisland ass och d'Heemecht vun enger vun den eelste Päerdsrassen, dem sougenannte Frisepäerd, kuerz Fris genannt.
Gemengen an der Provënz
Zanter 2019 huet d'Provënz Frisland 18 Gemengen.
(Awunnerzuel um Stand am Joer 2023).
- Achtkarspelen (28.000)
- Ameland (3.800)
- Dantumadiel (19.000)
- De Frykse Marren (52.000)
- Harlingen (16.000)
- Heerenveen (52.000)
- Leeuwarden (127.000)
- Noardeast-Fryslân (46.000)
- Ooststellingwerf (26.000)
- Opsterland (30.000)
- Schiermonnikoog (980)
- Smallingerland (56.000)
- Súdwest-Fryslân (91.000)
- Terschelling (4.900)
- Tytsjerksteradiel (32.000)
- Vlieland (1.300)
- Waadhoeke (47.000)
- Weststellingwerf (27.000)
Um Spaweck
Commons: Frisland – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Statistieken provincie Friesland, AlleCijfers